
Wéi d’Police schreift, wier et e Mëttwoch géint 14.15 Auer zu engem Accident an der Areler Strooss um Belair komm. Éischten Informatiounen no hat d’Automobilistin en Auto, deen ofbéie wollt, ze spéit gesinn a war beim Auswäichen op den Trottoir gefuer. Heibäi huet si eng Foussgängerin erwëscht an esou schwéier blesséiert, datt si an d’Spidol huet missen. Bei der Kontroll vun der Automobilistin huet sech erausgestallt, datt si ze vill gedronk hat.
Gutt annerhallef Stonn méi spéit war der Police nach en Accident gemellt ginn, bei deem eng Foussgängerin ugestouss a blesséiert gouf. Dat vun engem E-Scooter an der Avenue Marie-Therèse an der Stad. D’Foussgängerin wollt éischten Erkenntnisser grad iwwer en Zebrasträife goen, wéi eng E-Trottinett vu lénks koum a si ugestouss an um Knéi blesséiert huet. Bei der Kontroll vum E-Scooter hunn d’Beamte festgestallt, datt dësen net op déi maximal Vitess vu 25 km/h gedrosselt war, déi fir E-Trottinette gëllt. Op Uerder vum Parquet gouf d’Trottinett an e weidere Scooter vum Chauffer saiséiert.
Donieft mellt d’Police dann nach eng Kollisioun e Mëttwoch de Mëtteg tëscht zwee Autoen um CR169 zu Schëffleng. Béid Automobiliste goufe beim Accident verwonnt a koum fir eng Behandlung an d’Spidol. Bei engem vun de Chauffere war den Drogentest op der Plaz positiv.