Brand zu DikrechEng Gedrénksbud ass um Mëttwochowend verbrannt

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch géint 23.40 Auer krut d'Police e Brand an der Avenue de la Gare gemellt.
© Denny Bierchen

Op der Plaz gouf du festgestallt, dass et eng Gedrénksbud war, déi duerch d’Feier gréisstendeels zerstéiert gouf.

Well Brandstëftung net ausgeschloss ka ginn, gouf de Parquet informéiert.

De Weekend ass zu Dikrech Béierfest, organiséiert vun der Dikrecher Philharmonie. An deem Kader goufen am Park zu Dikrech eng Partie Buden opgeriicht, vun deenen dann elo wéi gesot eng ofgebrannt ass.

Back to Top
CIM LOGO