
Hei hate sech direkt e puer Persounen an d’Hoer kritt. Well eng vun hinnen alkoholiséiert war, hunn d’Beamte sech decidéiert, si an den Arrest ze placéieren. Bei enger Partie aneren Ausernanersetzungen hat sech d’Situatioun schonn nees berouegt, éier d’Polizisten op der Plaz waren. A verschiddene Fäll hunn d’Beamte Plainte vun deene concernéierte Persounen entgéintgeholl.
E Freideg am Nomëtteg huet sech dann e Mann bei der Police gemellt an uginn, dass 2 Männer him géint 16.30 Auer an der Rue Beck an der Stad seng gëllen Halskette vum Hals gerappt hätten an duerno fortgelaf wieren. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet, ma d’Täter konnten net ermëttelt ginn.
Géint 1.30 Auer e Samschdeg de Moie krut dann e Mann zu Steesel vun 3 onbekannten Täter seng Auer vum Handgelenk gerappt. Och hei gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.
Um 3 Auer war der Police dann zu Capellen e Gefier opgefall, dat enorm lues ënnerwee war. Ausserdeem hat de Chauffer e puer Mol abrupt gebremst. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass hien alkoholiséiert war. Ausserdeem konnt de Mann de Beamte keng gülteg Versécherung fir säi Gefier virweisen. Säi Führerschäi gouf doropshin agezunn.
Kuerz viru 5 Auer gouf dann e Chauffer kontrolléiert, nodeems hien zu Réimech duerch eng rout Luucht gefuer war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäi gouf agezunn.