No Feier an EefamilljenhausEng Läich gouf wärend de Läschaarbechte fonnt

RTL Lëtzebuerg
Géint 9 Auer koum et e Méindeg de Moien zu dësem trageschen Ongléck zu Nidderpallen, beim Weldbesch.
Feier zu Nidderpallen: eng Läich gouf fonnt
Bildmaterial vun der Plaz.

D'Pompjeeën hu wärend de Läschaarbechten eng Persoun fonnt, déi kee Liewenszeeche méi vu sech ginn huet.

Fir déi genee Doudesursaach erauszefannen, huet de Parquet eng Autopsie ordonéiert.

D'Police judiciaire ass mat den Ermëttlunge beoptraagt ginn.

© Police

Back to Top
CIM LOGO