Am Joer 1967 ass de Grondstee geluecht gi fir déi éischte Kasär fir Beruffspompjeeën hei am Land - deemools eng richteg Neierung am Pompjeeswiesen.
Mat 60 Mann ass et lass gaangen an no an no ass ëmmer méi u Leit a Material bäikomm. 1986 ass du vergréissert ginn an um Enn stoungen zu Stousszäiten eng 50 Gefierer an deenen 2 Garagen a bis zu 200 Männer an herno och Fraen, déi sech Dortoirë gedeelt hunn. Jo als Beruffspompjee schafft ee Schicht an et dierf een och schlofen op der Aarbecht. Och gekacht ginn ass op der Areler Strooss am CIS, dem Centre d’Intervention de Luxembourg, an dat esou gutt, dass esou muncher een e Präis hätt.
Mä fir de Moment piipst et an der aller Pompjeeskasär. Well dat alt Gebai keng "Brandmeldeanlag" hat, si Feiermelder nogerëscht ginn an do ass et wéi doheem, wann deene bis de Jus ausgeet, mellen se sech mat engem Toun, fir dass een d’Batterië wiesselt.
Bei iwwer 100 Feiermelder ass ee scho mol eng Zäit am gaangen, fir d’Batterien ze wiesselen an do muss sech elo de Service Hygiène vun der Ville de Luxembourg drëms këmmeren, well déi iwwerhuelen déi al Gemaier elo vun de Stater Beruffspompjeeën.
Et gëtt ganz villes z'entdecken hannert deene grousse Parten op der Areler Strooss. Haut sinn se bis op d’Cloche d’Or geplënnert an de Centre National d’intervention et de secours. Esouguer al Reliquien aus dem Kale Krich sinn haut do nach ze fannen. Wéi ee Bunker. Esou een ass an de 60er Jore bei all ëffentlechem Gebai ze fannen, bedéngt duerch de Kale Krich, wollt een d’Bevëlkerung schützen, wann de "Fall Out" géing kommen.
Och eng extra grouss Bidden, fir Schläich ze botzen, war op der Areler Strooss - wuel dee längste Lavabo aus dem Land. An och den 30 Meter héije Schlauchtuerm huet méi wéi eng Funktioun. E suergt dofir, dass de Schlauch ausdrëpse kann, fir dass en net fault, wann en nom Asaz zesummegerullt gëtt, mä déi vertikal Konstruktioun déngt awer och nach als Übung fir d’Klotermaxe bäi de Pompjeeën aus dem Grupp Grep.
Zanter dem 12. September bleift de Gong op der Areler Strooss stomm, zanterdeem fuere se vun der Cloche d’Or aus dem CNIS op den Asaz.
Op RTL Play fannt Dir all d'Episode vun der Serie "Top Secret" am Replay.