
Ënnert anerem gouf op d'Reform vun der Police gekuckt, wéi een Impakt déi op den Alldag vun de Beamten huet, mä et gouf och e Bléck an d'Zukunft gehäit an op d'Opstocke vum Personal.
Netto soll de Corps jo 800 Persounen dobäi kréien, dat wiere 600 Beamten an 200 Zivilisten. Den zoustännege Minister François Bausch huet betount, datt et sech ëm eng Netto-Opstockung handelt, dat heescht, datt net just Leit, déi an d'Pensioun ginn, ersat ginn. Fir de Philippe Schrantz, Direkter vun der Police, ass et eng onëmgänglech Mesure: "Bedéngt duerch de stännegen Zouwuess vun der Populatioun, nei Kriminalitéitsformen, vill nei international Obligatiounen an de Wonsch no enger méi grousser Disponibilitéit a Präsenz um Terrain, kommen ëmmer méi Missiounen op d'Police zou, an d'Personalfro zitt sech wéi ee roude Fuedem duerch d'Reform."
De Corps, deen elo 2.300 Persounen zielt, dovunner 13 Prozent Fraen, soll also fundamental vergréissert ginn. A sollt et mat den 800 Leit bannent de nächsten 3 Joer net duergoen, da kéint e 4. Joer drugehaange ginn, esou de François Bausch.
Et ware keng einfach Méint, esou de Philippe Schrantz, a nennt d'Reform vum Statut vun de Staatsbeamten, d'Diskussiounen ëm den Dateschutz an dann och nach d'Aarbechtszäiten. Ma et géif een eng ganz Partie Schrëtt no vir maachen.
Philippe Schrantz: "De neie gesetzleche Kader fir déi sougenannte Police administrative schaaft méi kloer Richtlinnen an hëlleft an der praktescher Policeaarbecht. Déi nei Prozeduren hu sech méi oder wéineger agependelt a gi praktesch genotzt, dat bréngt mat sech, datt mir de Bierger a gewësse Situatioune besser hëllefe kënne mat enger méi grousser Rechtssécherheet."
Den E-Kommissariat ass an den Ae vum Direkter vun der Police ee grousse Succès: 2.000 Plainten wéinst Déifstall goufen do repertoriéiert, 1.800 Objeten, déi zeréckfonnt goufen, a Wëldschied gemellt. Doduercher kéinte sech d'Unitéiten um Terrain op aner Missioune konzentréieren. De Policeminister François Bausch huet e Méindeg op der Méchelsfeier d'Beamten a Schutz geholl. Wéi iwwerall géif et och an der Police schwaarz Schof ginn, an deemno Problemfäll opdauchen. Ma d'Police géif immens gutt Aarbecht leeschten, allerdéngs misst den infrastrukturelle Kader ugepasst ginn.
François Bausch:"An do si Gebailechkeeten dobäi, ech hu mech geschummt, datt mir Polizisten an esou Gebailechkeete sëtze loossen. Ee räicht Land wéi Lëtzebuerg muss aneschters mat senge Leit ëmgoen. Dofir wäerten och séier Decisioune kommen fir verschidde Kommissariater, do ginn ech Iech d'Garantie, fir datt déi Leit aneschters do sëtze wéihaut."
D'Sécherheet op der Stater Gare war ee weidere Sujet. Do géif hie séier duerchgräife wëllen, esou de Policeminister. Ma wéi genee, dat huet de François Bausch oppe gelooss.