
Wann e Kand vill drénkt, dacks urinéiere muss, Gewiicht verléiert a permanent midd ass, sollen d’Elteren alertéiert sinn. Déi Symptomer kënnen op Diabetes hiweisen.
Eng national Campagne wëll d’Fréierkennung vun dëser Krankheet fërderen. Eng verspéiten Diagnos kann eng uerg Konsequenz hunn. D’Acidocétose, eng Stéierung vum Metabolismus ass typesch fir den Diabetes Typ 1 a ka bei engem vun zwee Kanner potenziell déidlech Suitten hunn.
D’Affiche mat Hiweiser iwwer Diabetes bei Kanner wäerten ënner anerem a Praxissen vu Generalisten a Kannerdokteren, Apdikten a Schoulen opgehaange ginn. D’Campagne gëtt et och digital.