UkrainEng onkomplizéiert Hëllef ouni Prozeduren

Monique Kater
Déi eng ginn op den offizielle Wee, déi aner organiséiere sech selwer, fir Flüchtlingen aus der Ukrain ze hëllefen.
Eng onkomplizéiert Hëllef ouni Prozeduren
Déi eng ginn op den offizielle Wee, déi aner organiséiere sech selwer, fir Flüchtlingen aus der Ukrain ze hëllefen.

Et kréich een nämlech deeglaang keng Äntwert, wann ee sech beim zoustännege Ministère géing mellen, soen déi, déi Leit bei sech wëllen ophuelen. Och wann een zesummen aus der Ukrain fortgelaf wier an hei ukéim, géif een auserneegerappt ginn, bekloe sech d’Refugiéen. Dass si hiert Doheem, fir Leit aus der Ukrain géif opmaaachen, war fir d’Mamm vun 3 Kanner, vun deenen der zwee aus dem Haus sinn, keng Diskussioun. De “Wéi sech organiséieren?”, war dofir e Stéck méi komplizéiert. Vun offizieller Säit hätt si bis haut keng Äntwert kritt.

D’Deborah Donckel, huet Gäscht aus der Ukrain: “Ech menge se maachen hiert Bescht. Mee se sinn iwwerfuerdert. Ech hunn d’Rout Kräiz kontaktéiert ier déi éischt Famill koum, well ech onsécher war wien déi Leit wieren, déi ech bei mech eraloossen. D’Äntwert war si wieren all Benevoller a géifen déi Leit och net kennen. Du sot ech mer, ech géif einfach probéieren an et ass alles gutt gaangen.”

Well privat Leit sech iwwer d’Sozial Medie séier an onkomplizéiert organiséiert hunn, kënnen d’Lena an d’Alina zesumme Borsch kachen. Et misst ee sech bewosst sinn, dass esou eng Hëllef méi wäit géing, wéi just ee bei sech wunne loossen.

D’Alina an d’Lena, Frëndinne vu Kiew: “Den éischten Dag mam Alina zu Lëtzebuerg si mer d’éischt bei eng Famill gefuer, du bei eng aner. Mir hunn allen zwee gekrasch, well mir hu kee kannt a mir wollte just zesumme sinn.” “Et war haart, well mer eis an deenen zou Woche Rees unenee gewinnt haten, mir waren zesummen am Auto an hunn an engem Bett geschlof.”

Der Famill Grygorenko (Daria) hir Rees goung bis op Fluessweiler. Hei ass d’Hëllef net iwwer Facebook gelaf, mee iwwer e Veterinär, deen an Zesummenaarbecht mat ville vu senge Clienten d’Solidaritéit mat de Mënschen aus der Ukrain koordinéiert an ëmgesat huet. Vun Déieren an op engem Haff schaffen, hätten d’Stater zwar net vill Anung, dofir awer Wëllen a Loscht ze hëllefen.

Bleiwe se, bleiwe se net. Ugangs hätte se sech dës Fro net gestallt. D’Famill aus der Ukrain wunnt an dësem Fall awer an engem eegenen Appartement, wou normalerweis e Saisonsaarbechter lieft. De Message vum Sarah ass op alle Fall deen, dass ee sech am Virfeld soll d’Fro stellen, ob een och prett wier, fir iwwer eng méi laang Zäit ze hëllefen.

© RTL

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert
RTL-Artikel: Ukrainer logéieren: Wéi einfach ass d’Zesummeliewe mat Refugiéen?

Back to Top
CIM LOGO