
Kritiséiert gëtt de Gehälteraccord an der Fonction publique.
D’Mesure, fir de Meeschtere just am Enseignement 15 Punkten um Salaire bäi ze ginn, wier déi falsch, well et de grondleeënde Problem vum Manktem u Leit am Secteur net géif léisen.
Déi Jonk kéimen duerch déi Punktwäert-Hausse nämlech net an d’Handwierk.
Villméi missten d’Diplomer vun der Beruffsausbildung opgewäert ginn, de Meeschter op en Niveau Bachelor, an den DAP op den Niveau Première, esou d’Fuerderung vun der Amelux.