Police melltEng Partie Abréch an der Stad, grad ewéi am Süde vum Land

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 8. an 9. September ass zu Diddeleng an der Rue Belair en Abriecher eng Fassad vun engem Appartementshaus eropgeklotert.

En huet dunn eng Fënsterdier opgehiewelt, fir an d’Wunneng ze kommen. Vun do huet en eng Partie Saache matgoe gelooss an huet sech duerch d’Bascht gemaach.

E weideren Abroch gouf et vun e Sonndeg op e Méindeg an engem Buttek an der Rue de Gasperich an der Stad. Zwou Diere goufen hei opgebrach a Boergeld gouf geklaut. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Am Raum Ettelbréck a Colmer-Bierg goufen de Weekend dann och eng Rei Autoen opgebrach. Eng Policepatrull konnt an deem Kader de Samschdeg véier Verdächteger zu Biereng bei Miersch opknäppen. Eng Rei Wäertgéigestänn konnte séchergestallt ginn. Et gouf ee Protokoll geschriwwen an d’Ermëttlunge goufen opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO