
De CGDIS huet beispillsweis eleng zu Réimech mussen eng hallef Dose Kelleren auspompelen. Och am Norden, wéi zu Eschduerf, Esch-Sauer, Géisdref an am Heischtergronn hunn d’Pompjeeë mussen an den Asaz, well nach emol 9 Kelleren ënner Waasser stoungen an och wéinst Beem, déi ëmgefall sinn a Stroosse blockéiert hunn.