Police melltEng Partie Caféen a Clienten hu géint d'Corona-Reegele verstouss

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Verbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg anzedämmen, huet d'Police vum 14. bis den 20. September Kontrollen duerchgefouert.

Dobäi gouf gekuckt, ob sech un d'Hygiènesmesuren a Fermeture-Zäite gehale gouf. Vereenzelt Verstéiss goufe bei Caféen an Eenzelpersoune festgestallt, déi d'Corona-Virschrëften net agehalen hunn. 5 Caféë goufe protokolléiert, souwéi 10 Persounen.

Donieft hunn 2 Männer de 17. September wärend engem Evenement zu Ettelbréck an der Grand-Rue refuséiert, sech op déi Plazen ze sëtzen, déi fir si virgesi waren. Obwuel d'Beamte si e puer Mol dozou opgefuerdert haten, hu béid Persounen hire Béier weider am Stoe consomméiert. Als Konsequenz goufe si protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO