D'Police deelt matEng Partie Déifställ an Iwwerfäll vun e Freideg op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend waren zwou Fraen an engem Geschäft op der Cloche d'Or mat ronn 25 Kleedungsstécker an eng Kabinn gaangen.
Police
Police
© Police

Kuerz drop ware just nach d‘Etiketten um Bueden ze fannen. D’Frae konnte kuerz drop ermëttelt ginn. Si haten a verschiddene Geschäfter Wueren am Wäert vun insgesamt 950 € geklaut.

Zu Dikrech goufen et an der Nuecht op e Samschdeg direkt zwee Iwwerfäll, bei deenen och Gewalt am Spill war. Um 1 Auer hat sech e Mann op der Place de Libération mat engem Grupp vu 4 bis 7 anere Männer an d’Hoer kritt. Dat Ganzt sollt sech zu enger Kläpperei entwéckelen, bei där d’Affer um Hals blesséiert gouf. Schliisslech huet sech erausgestallt, dass de Mann och säin Handy a seng Kreditkaarte geklaut krut.

All d’Informatiounen si fir d’Police vun Dikrech. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000

Um 3 Auer gouf e jonke Mann op sengem Heemwee an der Rue des Artisans zu Dikrech vun zwee Männer menacéiert an dunn am Gesiicht blesséiert. Si hunn dem Affer dunn 100 € geklaut a sech duerch d’Bascht gemaach. D’Affer huet missen am Spidol versuergt ginn. Gesicht gëtt no 2 jonke Männer am Alter vun 20 Joer mat donkele Jacketten. Detailer ginn weider keng. Och hei sinn all Informatiounen fir den 244 80 1000.

Back to Top
CIM LOGO