FindelEng Partie Luxair-Flich sinn um Sonndeg ausgefall

RTL Lëtzebuerg
Grond wären technesch Problemer op den Fligere vum Typ Q400 vun der Mark De Havilland, wéi d'Direktioun op Nofro hin erkläert.
© Eric Ebstein / RTL

Eng Rëtsch Vollen vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft Luxair sinn e Sonndeg annuléiert ginn. Anerer, zum Beispill dee fir op Porto, hu considerabel Retarden.

Vollen op Paräis, Budapest, Nice an Hamburg goufen ofgesot. Och dee vun der Luxair op Madrid ass schonn annuléiert, wéi um Site vum Luxairport an der Rubrik “Departen” ze gesinn ass. Nieft de fënnef annuléierten Luxair-Vollen ass um Sonndeg den Owend och de “British Airways"-Fluch BA419 op London gestrach.

Dobäi muss een awer soen, dass e Sonndeg de Gros vun de Luxair-Vollen wéi geplangt gestart sinn.

Um Péngschtweekend waren aacht Vollen vun der Luxair annuléiert ginn. Deemools hat d’Direktioun vun der Airline technesch Problemer als Grond genannt.

Um Sonndeg sinn dës Flich ausgefall:

08h02 Fluch LG8011 op Paräis
09h25 Fluch LG5807 op Budapest
12h55 Fluch LG8243 op Nice
14h35 Fluch LG9513 op Hamburg
17h25 Fluch LG3837 op Madrid

Back to Top
CIM LOGO