Coronavirus zu LëtzebuergEng Persoun gestuerwen, vun 1.545 PCR-Tester waren der 403 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.136 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, zwou dovunner leien op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.961 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 226 waren ergänzend Dosen, wärend keng Persoun eng zweet Dosis krut a bei dräi Persoune war et déi éischt.

Et goufen 147 Neiinfektioune registréiert.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO