
Aktuell sinn 58 (-13) Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 (-2) op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.431 aktiv Infektiounen an 48.311 Persoune gëllen als geheelt.
E Mëttwoch goufen iwwerdeems 672 éischt Dosissen an 483 zweet Dosisse vum Vaccin gesprëtzt. Am Ganze sinn dat elo 15.407 Dosissen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.