
Op der Héicht vun der "Kéiwelsbaach" war en Auto mat 2 Passagéier, deen aus Bettenduerf an Direktioun Eppelduerf ënnerwee war, an d'Kräizung gefuer an hat de Won, deen an Direktioun Iermsdref gefuer ass, wuel iwwersinn.
Béid Ween krute sech wéi gesot ze paken, woubäi déi 2 Persounen am éischte Won net verwonnt goufen. De Mann am anere Gefier huet misse gebuerge ginn a gouf nach op der Plaz versuergt. Hie koum duerno mam Rettungshelikopter an d'Spidol.
D'Streck war wärend de Biergungsaarbechte fir eng kuerz Zäit gespaart. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Reisduerf an Dikrech.
Zeienopruff:
Zum Zäitpunkt vum Accident wieren, der Police no, 2 weider Automobilisten op der Plaz gewiescht, déi eventuell gesinn hunn, wéi et zum Tëschefall koum. Dës Zeie ware scho fort, wéi d'Beamten op der Plaz ukomm sinn.
Ënnert den Zeie soll e Mann gewiescht sinn, dee Franséisch geschwat huet. Iwwert déi aner Persoun wier näischt gewosst. Dës Persounen, respektiv eventuell weider Zeien, solle sech bei der Dikrecher Police um Nummer 244801000 mellen.
Kuerz no 6 Auer gouf et e Méindeg de Moien nach een Accident mat engem Auto um CR 163 tëscht Obeler a Leideleng. Eng Persoun gouf Blesséiert.