Zu WalferEng Persoun gouf vum Zuch erfaasst an ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend ass géint 20.30 Auer zu Walfer an der Rue de la Montagne eng Persoun vun engem Zuch erfaasst ginn.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d’Police e Méindeg de Moien op RTL-Nofro confirméiert, ass d’Persoun un hire schroe Blessure verscheet. Eng Ambulanz vu Lëntgen an ee Samu waren op der Plaz, genee wéi d’Pompjeeë vu Walfer, Steesel, Luerenzweiler an aus der Stad.

Géint 19.30 Auer gouf et iwwerdeems en Accident um Fridhaff, bei deem och eng Persoun blesséiert gouf. D’Secouristen aus der Nordstad waren op der Plaz.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO