DiddelengEng Persoun gouf vun engem Bus ugestouss - de Samu war op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
Zu Diddeleng gouf en Donneschdeg géint 16 Auer op der Route de Volmerange eng Persoun vun engem Bus ugestouss a blesséiert.
© Anthony Bouges

Eng Ambulanz vun Diddeleng an ee Samu aus der Stad waren op der Plaz.

Zu Bissen hunn an engem Haus Am Brill iwwerdeems géint 16.30 Auer e puer Terrassemiwwelen op engem Balcon gebrannt. Eng Ambulanz a fënnef Pompjeesween waren am Asaz. Blesséiert gouf hei allerdéngs keen.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO