
Um CR226 tëscht Siren an Duelem gouf e Mëttwoch kuerz no 18 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Weiler zum Tuer.
E weidere Blesséierte gouf et an der Rue de l’école zu Steesel, nodeems zwee Gefierer net laanschtenee koumen. D’Ambulanciere vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Steesel waren op der Plaz.