Zuchtrafic leeft erëmEng Persoun zu Hollerech vun Zuch erfaasst a gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, ass an der Rue de la Deportation eng Persoun ënnert en Zuch geroden an nach op der Plaz gestuerwen.
© Domingos Oliveira / RTL

D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren e Mëttwoch de Moien op der Plaz. Wéinst deem Tëschefall ass iwwer Stonne keen Zuch op de Linne 50 a 70 gefuer. Dat genee tëscht der Stad a Bartreng-Stroossen souwéi tëscht der Stad a Leideleng a béid Richtungen. Ëm 14 Auer ass de Verkéier op béide Linnen nees ugelaf. Et kéint awer och weiderhin nach zu Verspéidunge kommen, preziséiert d’CFL.

Bis an de fréien Nomëtteg sinn Ersatzbusser op deene Strecken zirkuléiert. D’CFL an d’Rettungsdéngschter waren op der Plaz , fir den Zuchverkéier esou séier wéi méiglech erëm opzehuelen.

Wéinst engem technesche Feeler op der Héicht vu Rued-Syre ass den Ament och d’Zirkulatioun vun den Zich op der Linn 30 gestéiert. D’Zich Lëtzebuerg-Waasserbëlleg fuere bis 18 Auer net, wärend d’Zich Lëtzebuerg-Wittlich d’Arrête vun der Linn 30 ufueren.

Schreiwes

Madame, Monsieur, Suite à un incident nécessitant l’intervention des services de secours à Hollerich, la circulation des trains sur la ligne 50 entre Luxembourg et Bertrange-Strassen, ainsi que sur la ligne 70 entre Luxembourg et Leudelange est interrompue dans les deux sens.

Pour assurer le bon acheminement des voyageurs sur les tronçons susmentionnés, les CFL ont mis en place un service de bus de substitution. Ces bus circulent au départ de Luxembourg à destination de Leudelange, respectivement à destination de Bertrange-Strassen [et vice versa].

Nos équipes, ainsi que les services de secours, sont sur place pour rétablir la circulation des trains dans les meilleurs délais.

Actuellement, aucune donnée quant à la durée de la perturbation n’est disponible.

Conscients des désagréments causés, les CFL invitent les voyageurs à consulter la recherche horaire sur le site www.cfl.lu, ainsi que l’application CFL mobile pour de plus amples informations quant aux horaires et alternatives de circulation.

Back to Top
CIM LOGO