Am LokalenEng Persoun zu Rëmeleng ugestouss an zu Steenem ass e Bam op en Auto gefall

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS matdeelt, ass e Freideg den Owend eng Persoun zu Rëmeleng kuerz virun 18.30 Auer vun engem Auto ugestouss ginn.

De Foussgänger gouf blesséiert.

En Accident tëscht zwee Autoen gouf et zu Rolleng um 18.40 Auer. Hei gouf och eng Persoun verwonnt.

Zu Steenem gouf eng Persoun um 19.45 Auer blesséiert wéi do e Bam op en Auto gefall ass.

An am Heischtergronn war en Automobilist mat sengem Gefier e Freideg den Owend eppes no 22.30 Auer an e Fiels gerannt. Och hei gouf ee Mënsch verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO