
Zu Esch um Boulevard Pierre Dupong si géint 21 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.
Dann huet et och op enger Rei Plaze gebrannt. Zu Gilsdref huet en Daach gebrannt. Zu Gonnereng war et ee Bam, dee Feier gefaangen hat. Zu Bartreng an zu Diddeleng huet Gehecks gebrannt.
Um Lampertsbierg gouf et eng Dampentwécklung an engem Appartement. Zu Duelem an zu Beyeren huet et op engem Feld gebrannt.
Da goufen et eng Partie Accidenter mat zesummegerechent 9 Blesséierter:
Um Gaasperecher Kräiz sinn e Bus an e Camion kollidéiert. Zu Léiweng sinn zwéin Autoen aneneegeknuppt.
Zu Bartreng ass en Auto an e Bam gerannt. Och am Tunnel Markusbierg ass e Gefier accidentéiert. Zu Schieren war en Auto an de Gruef gaangen.