ËmweltkommissiounEng Rei Prozedure gi wärend Noutstand op Äis geluecht

RTL Lëtzebuerg
An der Ëmweltkommissioun vun der Chamber huet den zoustännegen Energieminister Claude Turmes e Freideg een Avantprojet de loi deposéiert.
© AFP (Archiv)

Mat dësem gi provisoresch Derogatiounen am Stroum- a Gasberäich agefouert an eng Rei Delaie wärend der Corona-Kris ausgesat.

D'Demandë vu Residencen, fir un d'Stroumnetz ugeschloss ze ginn, si bis nom Enn vum Etat de crise op Äis geluecht. Donieft gëtt ënnert anerem d'Prozedur, fir intelligent Gascompteuren z'installéieren, ëm ee Joer no hanne verréckelt.

Versuergung vu Stroum a Gas garantéiert

De Minister huet den Deputéierten an der Reunioun och verséchert, datt eng Rei hygienesch Mesurë geholl goufen, fir datt d'Acteuren a Sécherheet um Terrain schaffe kënnen. Sou gouf och e Rotatiounssystem en place gesat, fir ze garantéieren, datt d'Versuergung vu Stroum a Gas op Dauer geséchert ka ginn.

Back to Top
CIM LOGO