
Eng Experienz un där d’Famill Gobillot nach eng Zäit wäert ze knaen hunn.
D’Koppel hat wéinst gesondheetleche Problemer an der Famill haart Méint hannert sech, wou se am Summer decidéiert huet, eng Croisière ze maachen. Vu Covid emol ganz ofgesinn. Eng Vakanz um Schëff vun 3 Woche sollt hëllefen, domat ofzeschléissen. Vu Buenos Aires bis op Ushuaia, de südlechste Wupp vun Argentinien, a weider erof an d’Antarktis sollt et vum 27. November u goen.
Ma direkt zu Buenos Aires, nach ier d’Schëff ofgeluecht huet, ass d’Ongléck ugaangen. E wäite Bekannte vun der Koppel aus Lëtzebuerg ass um Terminal fir op d’Schëff positiv op de Coronavirus getest ginn. Als Persounen, mat deenen hien a Kontakt war, hat hien d’Koppel aus Lëtzebuerg an den Expeditiounsleeder uginn. “Jo mir ware mat him a Kontakt, mee sécher net déi eenzeg”, mengt de Francis Gobillot, ouni där Persoun rosen doriwwer ze sinn, hiren Numm genannt ze hunn.
Der Famill Gobillot gouf doropshi matgedeelt, datt si misst a Quarantän goen. Fir d’éischt zesummen an hirer Kabinn. Du vum 2. Dag un an zwou getrennte Kabinnen. Eng Méiglechkeet, e PCR-Test ze maachen oder nees u Land ze goen, an d’Rees guer net eréischt unzetrieden, krute si vum Touroperator net ugebueden. An esou goung de Cauchemar lass. Trotz Booster-Impfung an negativem PCR-Test, mat deem si agereest waren, goufe si an zwou Kabinnen isoléiert. 24 Stonnen op 24. Ouni frësch Loft. Keng Méiglechkeet eng Fënster opzemaachen, keng Méiglechkeet emol zum Beispill Nuets un Deck ze goen. “Ech kann iech esouguer soen, wéi vill Punkten den Teppech huet”, seet de Francis Gobillot. An och seng Fra ass nach siichtlech traumatiséiert, wa si un d’Erliefnis zréckdenkt.
All Dag hu si missen e Schnelltest maachen. Nom 10. Dag dann eng onerklärlech Iwwerraschung. Dem Francis Gobillot säi Schnelltest war positiv. Dat wärend 3 oder 4 Deeg. “Ech ka mer et net erklären”, seet hien. Zanter 10 Deeg war hie jo mat kengem Mënsch a Kontakt méi. Senger Fra hir Schnelltester bloufen awer negativ. No 16 Deeg Gefaangenschaft konnt si aus der Kabinn eraus an un 3 klenge Sortië vum Schëff deelhuelen. No 20 Deeg war den Tour dunn eriwwer, an de Francis Gobillot konnt fir d’éischte Kéier nees un d’Loft. Dat war och den Dag, wou déi ronn 300 Passagéier vu Bord vun der “MS Hamburg” gaange sinn. Vun Ushuaia ass et dunn erëm heem op Lëtzebuerg gaangen.
Bis haut huet hie kee PCR-Test gesinn. Ob hie jeemools Corona hat, weess hien net. Hie mengt, datt hie sech u Bord vum Schëff duerch d’Klimaanlag liicht erkal hat an den Test dowéinst positiv war. Datt misse streng Mesurë geholl ginn, fir d’Pandemie anzedämmen, dorunner huet d’Koppel keng Zweiwel. Mee si kritiséiere virun allem, datt si zu kengem Ament kloer Informatioune kritt hätten. An awer och, datt hinnen absolut keng Empathie entgéint bruecht gi wier. Vum Touroperator gouf et bis haut keng Réckmeldung. Mat psychologesche Folgen duerch déi Erfarung hu si och ee Mount méi spéit nach ze kämpfen. An zouene Raim fille si sech séier onwuel. Mam Auto fuere si dowéinst och den Ament just nach kuerz Strecken.
Ob si sech den Dram vun der gemeinsamer Rees an d’Antarktis trotzdeem nach erfëlle wëllen? “Et ass wonnerschéin”, seet de Francis Gobillot, dee viru 4 Joer schonn eemol do war. Seng Fra rëselt awer de Kap. Et wäert déi zwee méiglecherweis esoubal net méi op e Schëff zéien.
