Noël de la RueEng waarm Moolzecht an en oppent Ouer

Anne Wolff
Ronn 50 Benevollen hunn op Chrëschtdag am Centre Culturel zu Hollerech bei Noël de la Rue matgeschafft.
Eng waarm Moolzecht an en oppent Ouer
Ronn 50 Benevollen hunn op Chrëschtdag am Centre Culturel zu Hollerech bei Noël de la Rue matgeschafft.

Déi meescht vun iech verbréngen d’Chrëschtdeeg doheem mat Frënn oder Famill. Ma net jiddereen huet déi Chance. Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn, sinn dacks op sech gestallt. D’Chrëschtiesse vun Noël de la Rue bitt hinnen net just eng waarm Moolzecht, ma och Gesellschaft an en oppent Ouer.

Ronn 50 Benevollen hunn op Chrëschtdag am Centre Culturel zu Hollerech bei Noël de la Rue matgeschafft. Leit, déi op der Strooss liewe konnten hei zesummen eppes waarmes Iessen. Soss hunn déi meescht wéineg sozial Kontakter.

Och fir Kaddoe gouf gesuergt: All Gaascht krut nieft praktesche Saachen, wéi engem Handduch an enger Pellerinne och e Petzi. Vill Leit wieren eleng an de Petzi géing se tréischten, wa se kee fir ze schwätzen hätten, erkläert d‘Sonny Lugen, Member vum Comité.

Wéinst den neie Mesurë war et bis déi lescht Minutt net sécher, ob Noël de la Rue dëst Joer als Iesse kéint organiséiert ginn. Rassembléiert gouf sech dowéinst op 2 Plazen.

De Léon Kraus ass ee vun den Organisateure vun Noël de la Rue. D’Organisatioun wier dëst Joer eng grouss Erausfuerderung gewiescht, erzielt hien: „Dowéinst hu mir dëst Joer zwee Fester, zu Esch an hei zu Hollerech. Domat wollte mir d’Leit auserneen halen. Ausserdeem huet jidderee missen e Schnelltest maachen, éier ee sech heibanne konnt un den Dësch setzen. Dat huet awer super geklappt, et war eng grouss Disziplin bei all eise Gäscht do.

Déi 40. Editioun vun Noël de la Rue war dann och trotz Testflicht gutt besicht. D’Organisatioun seet Merci fir all Don, deen direkt un déi concernéiert Leit verdeelt gouf.

D’Kontonummer vun Noël de la Rue:

Noel de la Rue asbl

LU08 0141 6545 0290 3000
CELLULL

Back to Top
CIM LOGO