Mat 15 Ministeren?Enn nächst Woch kéint Vereedegung vun neier Frieden-Bettel-Regierung sinn

Roy Grotz
D'Regierungsekipp Bettel, Lenert, Bausch war eng virleschte Kéier beieneen, éier Enn d'nächst Woch ewell kéint déi nei Regierung vereedegt ginn.

Domat hunn d’Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP nëmmen e knappe Mount gedauert, wou d’Delegatiounen an 8 Reuniounen zu Senneng beieneen komm sinn, fir op Basis vun de Rapporten vun enger Dosen Aarbechtsgruppen ze schaffen an d’Programmer beieneen ze leeën.

D’Preparatiounen an de verschiddenen Ministère lafen an d’Richtung, datt Enn nächst Woch ewell kéint d’Vereedegung vun der neier Frieden-Bettel-Regierung sinn - wann den Datum vum nächste Freideg net ze halen ass, dann ass de Méindeg, den 20. eng zweet Méiglechkeet fir d’Assermentatioun.

Eise Sourcen no, a wéi den 100,7 do virdru scho gemellt hat, si sech CSV an DP wéi gesot op alle grousse Punkten eens, sou datt iwwert de Weekend d’eenzel Politiker an d’Bild driwwer gesat ginn, op si Chargen an der neier Regierung kréien oder net. Et gëtt eis aus gutt informéierten Sourcen och confirméiert, datt d’Regierung aus 15 Ministeren zesummegesat ass - 2 Ministere manner wéi aktuell also.

D’CSV an DP-Partei-Gremien mussen den Koalitiounsaccord awer natierlech nach ofseenen, wat eng Formsaach ass an dann och wäert Mëtt nächst Woch geschéien.

Den nächste Méindeg kommen d’Delegatiounen iwwerdeem eng néngte Kéier zu Senneng am grousse Krees beieneen, wou dann och de Formateur Luc Frieden e Point-Presse mécht.

Back to Top
CIM LOGO