
Zu Bouneweg an der Rue Pierre Krier ass en Automobilist engem Bus hannen drop gefuer, wéi hien an eng Strooss abéie wollt. Wéi sech op der Plaz erausgestallt huet, hat de Chauffer gedronk. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi war hie lass.
Kuerz no Mëtternuecht ass der Police e Gefier zu Esch/Uelzecht opgefall, dat ze séier an der Rue du Canal ënnerwee war. An der Rue Thomas Edison konnt et gestoppt ginn. Och hei hat d’Persoun hannert dem Steier gedronk. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Permis agezunn an e Protokoll ausgestallt.