D‘Thema Mindestloun bréngt éischt Tensiounen an d‘Tripartitesnegociatiounen. Verwonnerlech ass dat net, louchen d‘Positioune vun de Sozialpartner zu deem Sujet scho virun de Reuniounen zu Senneng wäit auserneen.
D‘Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB an hir Fuerderung vun enger Hausse vun 300 Euro de Mount um Mindestloun komme beim Patronat aus alle Secteure guer net gutt un. De Premier Luc Frieden huet vu schwieregen Diskussioune geschwat an eng strukturell Hausse, déi iwwer dat erausgeet, wat d‘Regierung rezent decidéiert hat, nämlech d‘Indextranche an d‘Upassung vum Mindestloun un d‘Lounentwécklung fir 2027, op der Pressekonferenz eigentlech ausgeschloss. Et kéint een d‘Betriber net méi belaaschten. Trotzdeem misst een de Leit mat niddrege Salairen hëllefen. Et léich elo un der Regierung fir no anere Léisungen ze sichen, esou de Premier Luc Frieden.
Schonn en Donneschdeg de Moie wëllen d‘Ministeren sech berode, fir am beschte Fall am Nomëtteg mat Propositiounen op d‘Suite vun der Tripartite ze kommen. Opfälleg war, dass op der Pressekonferenz no der Sëtzung e Mëttwoch d‘Nora Back an de Patrick Dury net ewéi en Donneschdeg mat dobäi waren. Dofir awer de Christian Hahn, de President vun der Landwirtschaftskammer, dee betount huet, och a sengem Secteur géif ee genee lauschteren, wat beim Thema Mindestloun geschwat géif ginn. D‘Bauere misste kucken, dass hir Fraisen net ze vill klammen. Eleng d‘Energiekäschte wären einfach ze héich.
D‘Thema Logement stoung e Mëttwoch och um Programm. Fir all déi Bedeelegt wär kloer, dass misst méi gebaut ginn, esou de Premier Frieden. Dat géif fir den abordabele Logement gëllen, awer och fir dee regulären. Dës Regierung hätt scho 600 Milliounen Euro an de Wunnengsbau investéiert, mä et wär ee bereet weider Efforten ze maachen. Konkret Mesure géifen en Donneschdeg weider diskutéiert ginn. D‘Staatsbeamtegewerkschaft wëll et zum Beispill mat steierlechen Erliichterungen – iwwer d‘TVA - Leit méi einfach maachen, eppes Eegenes fir sech ze kafen.
Wéi och en Dënschdeg wären d‘Tripartitesnegociatioune konstruktiv a respektvoll gewiescht, dat huet och den CGFP-President Romain Wolff virun der Presse confirméiert. De Premier selwer huet no der zweeter Reunioun dës Woch awer och nach d‘Adjektiv "schwiereg" hannendru gesot. Et wär effektiv net einfach déi zwee Enner – also Gewerkschaften a Patronat – zesummen ze bréngen. Ma dat wär d‘Aufgab vun der Regierung wärend enger Tripartite. De Luc Frieden huet confirméiert, dass och e Méindeg de ganzen Dag zu Senneng verhandelt soll ginn.