CoronavirusËnnerschiddlech Situatioun vu Shoppingzenteren nom Confinement

Maxime Gillen
Déi eng Geschäfter maachen aktuell méi Ëmsaz, wéi dat lescht Joer ëm dës Zäit. Op anere Plazen dogéint, si just 50 Prozent vun de Clienten do.

Dass de Confinement vill Betriber haart getraff huet, ass gewosst. Dat selwecht gëllt och am Commerce. Ma elo, ronn zwee an en hallwe Mount méi spéit, hunn déi eng sech wesentlech besser vun der Kris erholl, wéi anerer. Mir waren Enn lescht Woch de Bols fille, bei zwee vun deene groussen Akafszentre vum Land.

Shopping no Corona / Reportage Maxime Gillen

Et ass Freideg Nomëtteg an et ass nawell vill Betrib an der Belle Etoile. Ofgesinn dovun, dass d'Leit alleguer eng Mask unhunn, deit hei näischt dorobber hin, dass 2020 fir vill Commercen en immens schwieregt Joer ass. Nodeems d'Leit zwou Woche laang nach e bësse gezéckt hätten, wier d'Kaflaun zanter Juni awer erëm grouss, esou den Direkter vun der Belle Etoile Manu Konsbruck.

„Ab dem Mount Juni an och de Mount Juli waren d'Leit erëm ganz present hei, respektiv deels méi, wéi dat Joer virdrun. Verschidde Butteker hunn eis gesot, si géife méi Ëmsaz maachen, wéi déi Jore virdrun.“

Am Akafszenter op der Cloche d'Or ass et dogéint e gudde Pak méi roueg. Virop am Supermarché ass net vill lass. Uewenop an de Butteker sinn zwar iwwerall Leit, ma well d'Gäng immens grouss sinn, huet een hei ëmmer nach gutt Plaz. Dem President vun der Associatioun vun de Commerçante op der Cloche d'Or Konstantin Kiermeier no, kéimen aktuell nëmmen hallef esou vill Leit, wéi virun der Kris.

„Nach Corona ist es so, dass wir im Moment oder viele Geschäfte die Hälfte des Umsatzes machen von davor. Also können Sie sich vorstellen, dass eine riesige Kluft entstanden ist.“

Derbäi kéim, dass d'Butteker bis ewell och riicht duerch hire ganze Loyer hätte misse bezuelen.

„Bis jetzt sind keine einzigen Mieten angepasst worden. Es haben schon Verhandlungen stattgefunden, aber diese Verhandlungen waren sehr unbefriedigend. Wir brauchen nicht 5 Prozent oder 10 Prozent Miete weniger, sondern wir brauchen mindestens 50 Prozent Miete weniger.“

Bei der Belle Etoile huet een dogéint keng aner Optioun gesinn, wéi de Commerçanten ze hëllefen, esou de Manu Konsbruck.

„Mir konnten déi zwee Loyere verquëssen, mä sécherlech ass et awer eng Mesure, déi mir eis hu mussen iwwerleeën. Mir schwätzen awer do iwwer ganz vill Suen, wa mir 105 Butteker de Loyer noloossen, wärend 2 Méint. Mä ee Gléck ass de Grupp Cactus e gesonde Betrib a mir haten och do, mengen ech, keen anere Choix, wéi eise Commerçanten ënnert d'Äerm ze gräifen, well wa mir et net gemaach hätten, wieren d'Konsequenze warscheinlech anerer gewiescht.“

Fir béid Zentre gëllt awer, dass en zweete Lockdown wuel fatal wier, wéi den Direkter vun der Belle Etoile erkläert.

„D'Butteker hu Kleeder kaaft, déi mussen erausgoen. Mir si schonn eng ganz Kollektioun hannendran. Deen éischte Lockdown ass de schlechte Moment gefall. Ufank Mäerz war déi ganz Summerkollektioun do, déi net erausgaangen ass. Du sinn direkt elo d'Solde komm, dat heescht déi Summerkollektioun ass scho ganz soldéiert ginn. Do hu se schonn näischt drop verdéngt. All Buttek huet immens vill Stocken, huet dat prefinanzéiert. Wa mir elo nach eng Kéier géifen an engem Mount September/Oktober an e Lockdown kommen, respektiv nach méi spéit an dat ganzt Chrëschtgeschäft erafalen, ech mengen, do géifen d'Konsequenzen awer ganz dramatesch ausfalen.“

Positiv fir d'Butteker am Grand-Duché ass awer sécherlech, dass vill Residenten hir Vakanz dëst Joer hei Heem verbréngen, esou dass d'Summerméint besser dierften ausfalen, wéi déi Jore virdrun. Virausgesat natierlech, dass d'Infektiounszuelen erëm erofginn an dann och déif bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO