
D’Enseignantsgewerkschaft geheit dem Educatiounsminister Claude Meisch vir, “realitéitsfriem” ze sinn. Den DP-Politiker géing nämlech behaapten, Dialog mat all den Partner ze féieren, notamment wat d’Obligation scolaire ugeet. D’Wourecht wier de Géigendeel, sou den SEW/OGBL: de Claude Meisch hätt eleng déi lescht 6 Méint fënnef Demandë fir eng Entrevue vun der Gewerkschaft ignoréiert, dat notamment zu den Themen Altersdecharge fir Chargéen oder Formation professionelle. Den SEW OGBL mengt de Minister wier méi dorun interesséiert, PR-Campagnen ze maachen, ewéi sech mat Problemer an der Educatioun auserneenzesetzen. Zu sengem Amt géing et awer dozougehéieren, och mat kritesche Stëmmen ze schwätzen, amplaz just ze probéieren, Stëmmen ze fänken, sou d’Enseignantsgewerkschaft.