
Eng Diskussioun, déi duerch dat neit Visupolsgesetz aus dem Juli zejoert néideg ginn ass. Dat gesäit nämlech vir, datt Kameraen, déi schonn existéieren nei evaluéiert ginn an do gëtt ënnert anerem de Gemengerot ëm en Avis gefrot. Deen Avis ass um Enn positiv ausgefall, mä de Stater Conseil mécht dodran awer op Problemer opmierksam.
Wärend deene Méint, wou EU-Conseilen zu Lëtzebuerg sinn, ginn d’Biller, déi d’Iwwerwaachungskamerae maachen, vun der Police gekuckt. Dat sinn dräi Méint am Joer. Am Abrëll, am Juni an am Oktober. Problematesch sinn awer déi aner 9 Méint am Joer. Do ginn d’Biller nämlech vun enger privater Sécherheetsfirma gekuckt an d’Stad Lëtzebuerg hält an hirem Avis fest, datt dat net geet.
“Mir maachen de Minister drop opmierksam, datt do muss nogebessert ginn. Datt se entweder eng speziell Demande maachen, datt d’Police dat zousätzlech iwwerhëlt oder eben och net.”
Eng Fro, déi muss gekläert ginn, och an den Ae vum François Benoy vun déi Gréng. Privat Sécherheetsfirma oder net, do ass et fir hien och wichteg wat déi Kamerae filmen.
“Fir eis schéngt et evident, wa verschidde Kameraen am Gebai oder just bei der Entrée benotzt ginn, fir dat Gebai z’iwwerwaachen, kann dat méiglech sinn, mä et kann awer op kee Fall méiglech sinn, dass privat Sécherheetsfirmen elo dee ganzen ëffentleche Raum do géifen iwwerwaachen.”
Et steet awer fest, datt d’Kamerae méi filme wéi just d’Conseilsgebai. Den LSAP Conseiller Tom Kriebs:
“Wat nach méi schlëmm ass, dat ass, datt de Procureur d’Etat eng Interventioun gemaach huet a gesot huet, datt do amgaangen ass, en Hotel gefilmt ze ginn. D’Entrée vun deem Hotel. Wien do era geet, wien do eraus geet. Méi privat geet et net. D’Privatsphär vun deene Leit, déi an deen Hotel ginn, déi soll a mengen Ae respektéiert ginn.”
An et gi weider oppe Froen, seet den Tom Kriebs zum Beispill, wien déi Kameraen installéiert huet. De Ministère oder d’EU Kommissioun. De Guy Foetz vun déi Lénk fënnt däitlech Wierder:
“Et ass en totale Laxismus vun den ëffentlechen Instanzen, notamment vun der Administration des Bâtiments publics, respektiv vum Ministère de la sécurité intérieure an dat ass inakzeptabel. Et geet ëm de Schutz vun der Privatsphär am ëffentleche Raum an déi sollte mer net enger privater Firma ausliwweren.”
Elo, fuerdert de Guy Foetz, misst Kloerheet geschaaft ginn, amplaz, datt déi verschidden ëffentlech Instanze sech géigesäiteg de schwaarze Péiter zouspillen.
De Car-Sharing System vun der Gemeng Lëtzebuerg, de “Car-Loh”, schreift iwwerdeems rout Zuelen.
Dat gouf e Méindeg an der Sëtzung vum Gemengerot um Knuedler confirméiert. 2021 wier eng Perte vu bal 400.000 Euro registréiert ginn. D’Auslaaschtung wier relativ niddreg, mat maximal 15 Prozent an der Woch, an 29 Prozent iwwert de Weekend.
Derbäi kënnt eng relativ deier Publicitéits-Campagne an de Joren 2019 an 2020, déi wéi et schéngt awer net de néidegen Effekt hat. 35 “Car-Loh"-Autoe ginn et den Ament an der Stad. Op Enn Mäerz goufen et 865 Leit, déi sech drop abonéiert haten.