An engem Communiqué vun der Regierung heescht et, d'Ministesch wier frou, datt op EU-Niveau unerkannt géing ginn, datt Lëtzebuerg Efforten am Beräich vun der Numerisatioun vu senger Justiz mécht. Gläichzäiteg wier et wichteg, datt weider Efforte gemaach ginn, fir zousätzlech Leit anzestellen an d'Prozeduren ze vereinfachen, fir datt se méi séier ginn.
Et hätt een och iwwert de geplangte gemeinsamen europäesche Kader mam Numm "EU Inc" geschwat, deen déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht vun Entreprisë vereinfache soll. Lëtzebuerg géing d'Zil ënnerstëtzen, fir Europa méi kompetitiv ze maachen, déi geplangte Vereinfachunge missten awer op engem zolitte juristesche Kader baséieren.