
Déi aktuell Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot, d’Zil vun der Demokratescher Partei wär et, d’Stad Lëtzebuerg nach méi schéin, liewenswäert, attraktiv a sécher ze maachen, wéi se schonn ass. Dobäi wier eng d’Stadentwécklung eng Prioritéit an domat och de Wunnengsbau. An deem Kontext proposéiert d’DP, datt d’Stad nei Wunnenge keeft.
“Jo, d’Stad Lëtzebuerg muss sech do nei Modeller warscheinlech ginn, fir déi honnerte Wunnenge beschtméiglech kënnen ze geréieren. Mir selwer wëllen och ganz aktiv an de Wunnengsbau agräifen. Mir hunn eis virgeholl, op d’mannst 100 Milliounen Euro d’Joer ze investéieren an de Wunnengsbau. Wunnengsbau fir jonk Leit, awer natierlech och fir Famillen, an déi mer gréisstméiglech a Mietwunnenge wäerte stiechen”, esou d’Lydie Polfer.
Den aktuelle Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt sot, de Moment léich den Undeel vum Individualverkéier an der Stad bei 60 Prozent an domat wier d’Limitt erreecht. D’DP wéilt dofir suergen, datt an deenen nächste fënnef Joer eng Gläichwäertegkeet tëscht alle Verkéiersträger géing entstoen. Dofir misst déi douce Mobilitéit ausgebaut ginn.
“Mir brauchen nach méi sécher an ofgetrennte Vëlospisten. Dorunner schaffe mer. Mir wäerten an deenen nächsten zwee Joer eng eng sécher ofgetrennte Vëlospist hu vun der Luxexpo bis bei de neie Stadium. Op d’mannst bis dohin, andeems mer och de Boulevard Prince Henri erschléissen. (…) Mir wäerten och als DP de Kontakt an d’Verbesserung vun de Verbindunge vun der Mobilité douce mat den Nopeschgemenge stäerken”, erkläert de Patrick Goldschmidt.
Konkret soll een iwwer de Bambësch, de Briddel a Walfer ugeschloss ginn. Och a Richtung Süde sollen d’Verbindungen a Richtung Réiserbann a Leideleng verbessert ginn, esou de Patrick Goldschmidt.