D'Inventairë vum Nationalarchiv sollen nach méi accessibel ginn. Et géing sech nämlech weisen, datt grad déi méi Jonk duerch déi grouss Sichmaschinnen am Internet et net méi gewinnt wieren, fir bëssi méi wäit matzedenken. No 23 Joer un der Spëtzt vum Nationalarchiv geet d'Direktesch Josée Kirps Enn des Joers an d'Pensioun. Déi wichtegst Etappen aus deene leschte Joerzéngte wieren d'Ausschaffe vun engem neien Archivgesetz an d'Plënneren op deen neie Site um Belval gewiescht. Fir d'Zukunft géing virop den Ëmgank mat der Digitaliséierung eng Erausfuerderung duerstellen.
Et géing am Fong keen Thema ginn, dat een net am Nationalarchiv fënnt, seet d'Nach-Direktesch Josée Kirps. Et stockéiert een héich offiziell Kontrakter, ma awer och zum Beispill Placken, mat deene Béierdeckele gedréckt goufen, theoretesch kéinten esouguer Post-Its a Fro kommen. Méi wichteg wéi d'Qualitéit vum Material ass nämlech déi historesch a gesellschaftlech Bedeitung vun den Dokumenter. Trotzdeem ass et net sou, datt een einfach alles archivéiere géing. Zanter dem neien Archivgesetz vun 2018 huet een zum Beispill Tableaux de tri fir all d'Ministèren an Administratiounen ausgeschafft.
"Dat muss ee sech virstellen, dat ass wéi eng Tabell, wou all d'Dokumenter, déi an engem Ministère, an enger Administratioun hiergestallt ginn, opgelëscht ginn. A fir all Zort vun Dokument steet dann och dobäi, wéi laang een déi muss versuergen. Zum Beispill Rechnunge soll een 10 Joer versuergen, duerno ginn et zwou Optiounen, entweder d'Saache ginn zerstéiert oder se komme bei eis an d'Nationalarchiv, dat heescht et ass awer ee gewësse System do dran."
Ee wichtege Punkt aus dem Gesetz vun 2018 waren d'Verjärungsfristen, déi kënnen an Ausnamefäll bei bis zu 100 Joer leien. Et kann een zwar eng Derogatioun bei der zoustänneger Administratioun ufroen an déi gëtt normalerweis och ausgestallt, mee trotzdeem wier ee grad zesumme mam Kulturministère amgaangen, drun ze schaffen, fir déi Fristen unzepassen. Et misst een do de Spagat hikréien, fir engersäits d'Fuerschung net ze blockéieren an anerersäits d'Perséinlechkeetsrechter vun de concernéierte Leit ze respektéieren. Ëmmer méi Dokumenter géingen digitaliséiert ginn, et géing awer opfalen, datt grad déi méi Jonk sech schwéier dinn, fir Informatiounen ze fannen.
"Et ass net esou, datt ee bei eis ee Begrëff agëtt, zum Beispill Hexeprozesser, an da kritt een, wéi bei deene grousse bekannte Sichmaschinnen, direkt all d'Donnéeën zerwéiert. Bei eis muss een am Fong mat nodenken, wann ech lo eppes iwwert déi Hexeprozesser wëll schreiwen, wou kann ech lo déi Donnée fannen. Well mir hunn net ee groussen Dossier, wou drop steet 'Hexeprozesser'."
Dowéinst géing een dru schaffen, fir d'Inventairen esou opzebereeden, datt se nach méi accessibel ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.