Genee 80 Joer ass et hier, dass 23 Lëtzebuerger Resistenzler am deemolege KZ-Hinzert, net wäit vun Tréier ewech, erschoss goufen. Si hunn hiert Liewe fir d’Onofhängegkeet vum Land a fir hier Fräiheet gelooss, sot de Premier Luc Frieden bei der Gedenkzeremonie um Nikloskierfecht beim Hinzerter Kräiz.
Ween d’Grausamkeete vun engem Naziregimm erzielt kritt, ka se net widderhuelen, sou eent vun den Argumenter, fir dës Memoire lieweg ze halen. Wann ee ronderëm sech géing kucken, géing een awer gesinn, dass een domat wuel net onbedéngt vill areecht hätt, huet de Guy Dockendorf, Vizepresident vum Comité de la mémoire vum 2. Krich ënnerstrach. “Mir mierken, dass och an eiser Gesellschaft nach zum Deel Haass an Intoleranz ass”, sou seng Aschätzung. Esou Zeremonië géingen nëmmen da Sënn maachen, wann een doraus géing leieren.
Vun eenzele Lenks- a Rietsextreme géing déi sozial Kohesioun ëmmer nees a Fro gestallt ginn, dofir misst ee sech informéieren, an net blann enger Säit gleewen. An et misst een de Courage hunn, opzestoen an no Beweiser ze froen, wa bestëmmte Saachen behaapt ginn.
De Premier Luc Frieden huet ënnerstrach, dass ee sech misst all Dag fir d’Demokratie, Mënscherechter an déi sozial Kohesioun asetzen. Mat engem Merci kuckt hien op déi Mënschen zréck, déi sech hei am Land am 2. Krich fir dës Wäerter agesat hunn. Leit aus alle soziale Schichten. “A wann dat haut erëm geschitt, an et ass amgaangen ze geschéien an Europa an der Ukrain, da musse mir och zesummestoen. Als Länner, an och innerhalb vun eisem Land, fir ze soen: ‘dat do akzeptéiere mir net’”, sou de Premier.
Ënnerschiddlech Meenunge missten zougelooss ginn, an et misst respektvoll mateneen ëmgaangen ginn. Bestëmmte Wäerter misste verdeedegt ginn. Dat wier d’Flicht vun der Regierung a vun all de Bierger am Land.