Neie Kulturminister am PortraitEric Thill: "Upaken amplaz kritiséieren"

Jeannot Ries
Mir hunn den neie Kulturminister bei engem Aarbechtsdag begleet.
Neie Kulturminister am Portrait
Fir den Eric Thill ass et kloer: “Upaken amplaz kritiséieren”

Upaken amplaz kritiséieren”. Esou kann een dat politescht Engagement vum Eric Thill, Minister fir Kultur a bäigeuerdente Minister fir Tourismus, an e puer Wierder resuméieren. Zanter dem 17. November ass säi Büro net méi an der Gemeng zu Schieren, wou de jonken DP-Politiker mat 25 Joer Buergermeeschter gouf, ma am Gebai vun den Terre Rouges.

Et ass nach ëmmer ongewinnt. An dat wäert och iwwer déi nächst Deeg, Woche, Méint unhalen. […] Een, dee seet, datt ee vun der Gemengepolitik direkt an déi Nationalpolitik, datt dat dat Normaalst, dat Einfachst wier, ech mengen, dat ass gelunn.

U kritesche Blécker huet et net gefeelt, wéi bekannt gouf, dat den Ekonomist, de Ressort vum Kulturminister iwwerhuele géif. Zanter elo 3 Woche sëtzt den Eric Thill op Kontakt an Dialog mat de Leit um Terrain. Et geet drëms nozelauschteren, iert politesch Weiche gestallt ginn. “Éischt Prioritéit ass elo um Terrain ze sinn”, seet den neie Minister.

Nom Regierungsrot e Mëttwoch de Moie war d’Agenda Mëttes gutt gefëllt, mat virop dem Schlass vu Beefort. 42.000 Visiteuren, dat ass net näischt. An u weiderem Potenzial feelt et net. E Site, op deem sech béid Ressorten, déi den Eric Thill déi nächst 5 Joer beschäftege wäerten, Kultur an Tourismus, d’Hand ginn. “Hei ass e Paradebeispill, wéi ee sech elo déi nächst Wochen, Méint, muss Gedanke maachen, wéi ee sou e Site ka valoriséieren.

E puer Honnert Meter méi wäit, bei der Äispist, huet schonn den nächste Rendez-vous gewaart. D’Ekipp vum CNDS, der Aarbechtsinitativ, déi ënner anerem derfir responsabel ass, déi ronn 5.000 Kilometer u Wanderweeër uechter d’Land ze zeechnen.

Um Beeforter Camping gouf et kuerz fir de bäigeuerdenten Tourismusminister d’Geleeënheet, eng nei, ganz beléift Form u Vakanz zu Lëtzebuerg z’entdecken: Kuschel-Iglou an der Natur.

Weider goung et mam Jabel an eng weider Héichbuerg vu Kultur an Tourismus. Ressorten, déi de Minister am Regierungsrot verdeedege wäert. “Déi z’erklären, ze verdeedegen”, ass d’Zil.

Am Veianer Schlass, der zweetbeléiftster Attraktioun vu Lëtzebuerg, hannert dem Beetebuerger Park, hu sech déi Responsabel vum Tourismus aus dem Norde virgestallt, iert d’Fotoe vum Raymond Clement Faarf, an een u sech éischter typesch groe Wanterdag bruecht hunn, dee lues op en Enn goung. Mat Bléck op e Konschtwierk op der Veianer Staumauer.

Den neie Sportsminister Georges Mischo am Portrait

Back to Top
CIM LOGO