Frësche Wand an de Gemengen (1. Deel)Esch a Mamer kréien nei Buergermeeschteren

Marc Hoscheid
Well d'Mandater vum Minister a vum Buergermeeschter net kompatibel sinn, kënnt et um lokalen Niveau zu Verännerungen.
De Luc Feller dierft neie Buergermeeschter vu Mamer ginn.
De Luc Feller dierft neie Buergermeeschter vu Mamer ginn.
© RTL/Archiv

Lëtzebuerg huet eng nei Regierung. Dat bréngt och Ännerungen um lokale Plang mat sech, well véier vun deenen neie Ministere virdru Buergermeeschter waren. A well déi béid Mandater net matenee kompatibel sinn, dréint sech och an deene véier concernéierte Gemengen d’Personalkarussell. Haut werfe mer ee Bléck op Esch a Mamer.

18/11/2023 BAND Changes Bergermeeschteren Part 1 10h00 (online)

Gutt sechs Joer nodeems hie fir déi Escher CSV no joerzéngtelaanger LSAP-Dominanz de Buergermeeschterposten an der zweetgréisster Gemeng vum Land eruewere konnt, ass de Georges Mischo als Aarbechts- a Sportminister an d’Regierung gewiesselt. An der nächster Conseilssëtzung den 29. November wäert den CSV-Schäffe Christian Weis seng Kandidatur stellen. Et géing zwar keng Revolutioun zu Esch ginn, well de Koalitiounsaccord tëscht CSV, DP an deene Grénge nach ëmmer d’Linn virgëtt, ma de Christian Weis wëllt awer seng eegen Akzenter setzen, virun allem am soziale Beräich.

“Et ass interessant, datt eng sou divers Staat, mat sou ënnerschiddlechen Awunner awer eng Identitéit huet an zesummenhält. An dowéinst sinn et grad déi Froe vum gesellschaftlechen Zesummenhalt, vum Fortschrëtt, wéi kann een d’Liewen an Esch, den Alldag fir jiddereen nach méi fair maachen an digne maachen?”

An de Schäfferot wäert de Bruno Cavaleiro noréckelen, wärend den Dejvid Ramdedovic nei an de Gemengerot kënnt.

D’CSV Mamer proposéiert den aktuelle Schäffe Luc Feller als neie Buergermeeschter. Dat huet d’Sektioun de Samschdeg de Moien an enger Reunioun decidéiert, nodeems de Gilles Roth jo e Freideg als neie Finanzminister an der Regierung Frieden-Bettel genannt gouf.

An der Gemengerotssëtzung de 27. November soll de Luc Feller deemno als Buergermeeschter virgeschloe ginn. Deen hat RTL-géintiwwer scho betount, sech prett fir déi Aufgab ze fillen, och wann hien als Haut-Commissaire à la Protection nationale scho vill ze dinn huet.

Den Ed Buchette soll dann zweete Schäffen zu Mamer ginn. Den 22 Joer jonke Yannick Beck wäert an de Gemengerot noréckelen.

Back to Top
CIM LOGO