City BreakfastEt ass confirméiert: De Chrëschtmaart 2020 gëtt organiséiert

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Gemeng Lëtzebuerg e Mëttwoch de Moien um City Breakfast confirméiert.

D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet matgedeelt, datt de Chrëschtmaart an der Stad wäert den 20. November seng Dieren opmaachen a wäert bis den 3. Januar goen.

Et wäert awer net e Maart wéi all Joer sinn, ma och hei mussen déi sanitär Mesuren ëmgesat an agehale ginn. Esou ginn Zelter opgeriicht, wou d'Leit da kënnen hiert Iessen zerwéiert kréien an och beim Iesse kënne sëtzen. Takeoute sinn net autoriséiert.

Ënner anerem bei der Gëlle Fra, op der Place du Theatre, an der Grand-Rue, um Royal-Hamilius an an der Stroossbuerger Strooss wäerte Stänn stoen. Och wäert d'Schlittschongpiste, wéi och déi leschte Joren, wéi och d'Riserad opgeriicht ginn. Concerten dogéint gi keng organiséiert.

"Mir hoffen, datt sech déi sanitär Situatioun doduerch net verschlechtert", huet d'Lydie Polfer nach gesot. Sollt dat awer de Fall sinn, besteet de Risiko, datt de Stater Chrëschtmaart 2020 ofgesot gëtt.

LINK: Weider Detailer bei eise Kolleege vu 5minutes

PDF: Schreiwes vun der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO