Affekot vum Enrico Lunghi"Et ass eng Mise en Scène vu Ligen"

Diana Hoffmann
Um 3. Dag vum Prozess koum den Affekot vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi zu Wuert. Doriwwer eraus huet de Procureur säi Requisitoire gehalen.
© RTL

Et wier en Dossier, wou et wuel kee Gewënner wäert ginn. Mat dëse Wierder huet de Procureur e Mëttwoch säi Requisitoire ugefaangen. Engem Ugekloten nom aneren huet hien d’Reprochen opgezielt. Véier Persoune musse sech zanter e Méindeg viru Geriicht an der sougenannter Lunghi-Affär veräntwerten.

3. Prozessdag an der Lunghi-Affär / Reportage Diana Hoffmann

Verschidde Saachen am Reportage wieren “technesch net propper” gewiescht, sot de Vertrieder vum Parquet an huet sech domat un den Auteur vum Reportage a fréieren RTL-Journalist Marc Thoma geriicht. Dësen hätt et mat senger laangjäreger Erfarung misse besser wëssen. De Procureur geet dovunner aus, dass et keen Zoufall gewiescht wier, dass de Reportage um Enn esou war wéi e war. Dem Spectateur wier eppes suggeréiert ginn, wat net der Realitéit entsprach hätt.

Hie freet sech dann och, wisou kee bei der presuméierter Aggressioun vum Enrico Lunghi op d’Ex-RTL-Journalistin ageschratt ass. Deen Dag, wou de fréiere Mudam-Direkter d’Sophie Schram wärend hirem Interview um Aarm gepaakt, an dësen ewech gedréckt huet, waren och e Kameramann an zwee Studenten dobäi.

Vill war dann awer och iwwert d’Blessure riets gaangen, déi d’Sophie Schram 11 Deeg nom Incident an enger Urgence attestéiert krut. Et gouf eng Incapacité de travail vun 2 Deeg ausgestallt. Kee vun hiren Aarbechtskolleegen hätt awer nom Virfall eppes vun hirem Wéi matkritt. Mat Ausnam vum Marc Thoma, den Dag dono hat si och kee vun hire Virgesetzten informéiert. Bal zwou Wochen dono koum si du mat engem Bandage op de Büro. Nodeem si du bei den Direkter gaangen ass a sot eng Plainte géint den Enrico Lunghi wëllen ze maachen, koum d’Saach un d’Rullen.

Da blouf nach d’Fro vun der Responsabilitéit fir d’Diffusioun vum Reportage ze klären. Nodeems den RTL-Programmchef Steve Schmit eemol vu sengem deemolege Virgesetzten, dem Direkter Alain Berwick, an deem Kontext de Kapp gewäsch krut, wier et normal, dass hie sech zréck géing halen, sou de Procureur. De Steve Schmit hat bei enger fréierer Versioun vum Reportage decidéiert, dass dësen net géing an där Form iwwert d’Antenn goen. Den Dag, wou de Reportage dunn awer komm ass, an et geheescht huet, et wier vum Direkter ofgeseent, wier kloer gewiescht, dass keng Interventioun méi vu Säite vum Programmchef kéim, sou de Vertrieder vum Parquet, deen hei e Fräisproch fuerdert.

E weidere Fräisproch freet de Procureur dann och fir de fréieren Direkter Alain Berwick. Dësen hätt seng Decisioun de Reportage ze weisen op eng relativ irrational Manéier geholl, ouni dëse gesinn ze hunn. Just d’Réimaterial vum Tournage hat hie virdru scho gekuckt. Den Alain Berwick hätt eng Ambiance kreéiert, an där sech de Marc Thoma fräi gefillt hätt, de Reportage esou ze montéieren, huet de Procureur ënnerstallt.

Den Enrico Lunghi hat sech dann als Partie civile constituéiert. Säin Affekot koum zu der Conclusioun, dass et eng Mise en Scène vu Lige wier. An eng Geschicht konstruéiert gi wier, déi d’Strooss net géing halen. Hie gesäit den Alain Berwick als Matresponsabel. Dësen hätt sech aktiv an de Prozess fir eng Diffusioun vum Reportage agemëscht.

3. Prozessdag an der Lunghi-Affär
Um 3. Dag vum Prozess koum den Affekot vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi zu Wuert. Doriwwer eraus huet de Procureur säi Requisitoire gehalen.

Back to Top
CIM LOGO