Am Mäerz 2022 ass d’Sasha mat zwee vun hiren dräi Kanner op Lëtzebuerg geflücht. Hire Mann an den eelste Jong sinn an der Géigend vu Kiew bliwwen. “Mir schwätzen all Dag mateneen, e puermol den Dag”, seet si. “Mir maachen einfach alles, fir a Sécherheet ze bleiwen, sou datt déi méi jonk Kanner eng normal Schoulausbildung kënne kréien.”
No méi wéi zwee an en halleft Joer bei enger lëtzebuergescher Famill lieft si elo an engem gelounten Haus. “Dat hei ass mäi Refuge. Ech si wierklech houfreg op mech.”
D’Sasha mécht aktuell eng Online-Ausbildung, fir Innenarchitektin ze ginn. Lëtzebuergesch ze léiere war fir si wichteg an och evident: “Ech mengen, et ass ganz wichteg, d’Sprooch vum Land ze léieren, an deem ee lieft. Ech wëll mäi Respekt vis-à-vis vum Land weisen.”
Och d’Margo, eng aner Ukrainerin, lieft zanter bal véier Joer zu Lëtzebuerg, den Ament zu Déifferdeng. “Mir sinn heihinner komm, fir a Sécherheet ze liewen, mee haut fillen ech mech hei wéi doheem.“
Si huet sech am IT-Beräich weidergebilt an engagéiert sech fräiwëlleg, fir aner Ukrainer. “Mir sinn hei, mee eist Häerz schléit am selwechte Rhythmus, wéi dat vun der ganzer ukrainescher Natioun.“
Wat d’Zukunft bréngt, bleift onsécher: “Ech hunn e Plang A an e Plang B.”