''D’Vollek soll entscheeden, iwwer Referendum.’' Jo. Ma wie gëtt vum Vollek gedroen?
Den Ali Fatemi ënnerstëtzt d’Maryam Rajavi, déi am Exil zu Paräis lieft an un der Spëtzt vum politesche Fligel vun de Volleks-Mujahedin steet, déi 1979 de Schah vu Persien gestierzt hunn.
An den Ae vum Elmira Najafi ass et awer grad um Fils vum Schah, de Reza Pahlavi, deen den Interim iwwerhuele soll. Zesumme mat Famille a Frënn erlieft déi jonk Fra den Ament eng ganz emotional Zäit. “Mir wéilte gär do sinn.” Am Iran. Dëse Weekend hu si zu Bréissel gefeiert. Ma wéi soll et elo am Iran weidergoen? Si hofft op Ënnerstëtzung vun Deeler vun Arméi a Police.
Dem Ali Fatemi no sinn d’Unités rebelles ‘’ vun de Mujahedin prett, fir d’Mollahe vun der Muecht ze verdreiwen. D’Mujahedin, déi d’Ënnerstëtzung vum Vollek revendiquéieren. Dës Kéier wéilte si sech d’Revolutioun net virun der Nues ewech klaue loossen.
Deem widdersprécht d’Nilgoon Soroush vehement. A riicht en Appell un déi europäesch Staaten an d’USA, déi stäerkst Oppositioun, de Reza Pahlavi, z’ënnerstëtzen. A ganz wichteg: fir d’éischt misst de Referendum iwwer d’Zukunft vum Land ofgehale ginn.
D’Transitioun vum aktuellen Terrorregimm a Richtung Demokratie géif net einfach. D’Transitioun misst friddlech verlafen. Leit mat där néideger Bildung wiere bereet, Verantwortung z’iwwerhuelen.