
Am Joer 2021 wiere 4.051 Wunnengen fäerdeg gebaut ginn, sou d’Äntwert vum Logementsminister Claude Meisch op eng Fro vun der LSAP.
Fir d’Joren 2022 an 2023 géing et am Laf vum Joer nei Publikatioune ginn. Fir d’Joren 2024 an 2025 misst ee bis d’nächst Joer waarden.
Et ass jo net esou, ewéi wann d’Land zanter Joerzéngten eng Logementskris huet, d’Baubranche zanter 3 Joer vu Kris am Secteur schwätzt an d’Regierung Mesuren ënnerholl huet, dorënner politesch ëmstridde steierlech Mesuren. Fir ze wëssen, wéi grouss d’Kris oder ewéi effikass d’Mesurë waren oder sinn, musse mer also nach waarden.