Stater ConseilPlus 110 Kamerae fir e Méi u Liewensqualitéit

Monique Kater
De Stater Conseil seet Jo zu enger méi breeder Videoiwwerwaachung.

“Lëtzebuerg – Gare Bis”, nennt sech de Projet vun der Police, mat deem deemnächst op der Gare weider 30 Stroosse wäerte mat Kameraen iwwerwaacht ginn. Bei déi 130, déi haut schonn um Territoire vun der Stad hänken, kommen der also 110 dobäi, eleng op der Gare. De Stater Schäfferot an de Conseil begréissen d’Initiative, och wann, sou zum Beispill d’LSAP, net bewise wier, datt d’Kriminalitéit bis elo duerch d’Kamerae verhënnert oder reduzéiert gi wier.

Et wier net bewisen, dass de Problem sech domadder an aner Quartiere géing verlageren, sou de liberale Conseiller Robert Philippart, dee preziséiert, dass do och den ëffentlechen Transport géing matspillen. Gefilmt géifen och nëmmen d’Gesten, net d’Persounen an d’Kamerae wieren och just op ëffentlech an net op privat Beräicher geriicht. Eng generell Iwwerwaachung gefält kengem; d’Oppositioun ass awer der Meenung, dass eng Videoiwwerwaachung u sech net vu Muttwëll wier, se awer nëmmen dann effikass kéint sinn, wann nach aner Mesuren applizéiert géifen, wéi eng méi grouss Präsenz vu Police oder Agents Municipaux um Terrain.

Mat der Videoiwwerwaachung “Lëtzebuerg – Gare bis” kann deemnächst déi ganz Zon ronderëm d’Gare gefilmt ginn, bis op Hollerech an de Boulevard de la Pétrusse. Bouneweg Nord kéim als nächst, mee et géif nach kee Projet a Richtung Dummeldeng/Eech, sou den CSV-Conseiller Tom Biver. Och do schéngt d’Onsécherheet bei de Leit méi wéi just e Gefill ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO