Ausseministère betountLëtzebuerger Regierung préift all Optioune fir Rapatriementer aus Konfliktregioun

François Aulner
Wéi den Ausseministère en Dënschdeg den Owend mellt, géing d'Regierung aktuell all d'Optioune préiwen, fir déi ronn 600 Lëtzebuerger a Residenten, déi an der Regioun festsëtzen, esou séier wéi méiglech an ënner beschtméigleche Konditiounen zréckzebréngen.
Archivbild vun engem Luxair-Fliger
Archivbild vun engem Luxair-Fliger
© RTL Archiv

Den Ausseministère an de Mobilitéitsministère souwéi all betraffen Acteuren hätten an de leschten Deeg Méiglechkeete fir Rapatriementer identifizéier, dorënner Flich, déi vun der Luxair an Ofstëmmung mat der Regierung organiséiert ginn. Dës Flich géingen an den nächsten Deeg noeneen organiséiert ginn, heescht et weider.

Mat anere Partner, wéi zum Beispill der Belsch, géing de Verdeedegungsministère iwwerdeem verschidden Optioune mat Militärfligeren, dorënner den Asaz vum Fliger A400M oder vu Fliger vun der MRTT-Flott préiwen.

Doriwwer eraus hätt d’Luxair en éischten net-kommerzielle Voll an d’Regioun zu Hurghada an Ägypten stationéiert, dee jee no Entwécklung vun der Sécherheetslag op der Plaz fir d’Rapatriementer agesat ka ginn. Aktuell kéint Maskat am Oman den Ausgangspunkt fir Rapatriementer sinn.

D’Reiefolleg vun de Rapatriementer géing unhand vun objektive Krittäre festgeluecht an de betraffene Passagéier matgedeelt, dorënner virun allem Famillje mat Kanner a Persoune mat nogewisene Krankheeten, esou den Ausseministère weider. Passagéier, déi virdru vum Service d’assistance consulaire vum Ausseministère kontaktéiert goufen, kënne successiv Flich notzen. All betraffe Persoune géingen am Laf vun den nächste Stonnen an Deeg no an no Service d’assistance consulaire kontaktéiert ginn.

D’Sécherheet vun de Lëtzebuerger Residenten hätt iewescht Prioritéit. Och wann aktuell nach keng Flich confirméiert kéinte ginn, géingen d’Optiounen an enker Ofstëmmung mat de Lëtzebuerger Vertrieder sur place, den Acteure vun der Loftfaart an a Kooperatioun mat de lokalen Autoritéiten, déi fir d’Verwaltung vum Loftraum responsabel sinn, konstant ugepasst a konkretiséiert ginn.

Lëtzebuerger sollte sech fir Mëttwochs prett halen

RTL hat en Dënschdeg gemellt kritt, datt am Nomëtteg Lëtzebuerger, déi zu Dubai festsëtzen, vum Ausseministère matgedeelt krut hätten, dass si sech solle fir e Mëttwoch de Moie prett halen. Si géife mat engem Bus ofgeholl ginn, fir op de Fluchhafe vu Maskat an den Oman bruecht ze ginn a vun do aus op Lëtzebuerg. Wéi den Ausseminister an der Chamber sot, ginn et ronderëm dës Pläng vu Rapatriementer awer nach vill Onsécherheeten. No eiser Meldung huet den Ausseministère méi zu hire Pläng matgedeelt. D’Faart vun Dubai op Maskat géif ongeféier 9 Stonne laang daueren.

Esoubal e “Slot” - eng Fluchméiglechkeet - fräi wier, kéint d’Maschinn dann d’Leit op Dubai siche goen. Dat huet den Ausseminister Xavier Bettel en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber matgedeelt. Hien huet awer betount, datt d’Situatioun nach ganz onsécher wier an dowéinst géing och no Alternative gekuckt ginn: zum Beispill, ob d’Regierung eng Maschinn kéint affretéieren oder den A400M kéint agesat ginn. Oder nach ob aner Fluchhäfen a Fro kéimen, fir d’Leit Heem ze fléien. De Xavier Bettel huet technesch Komplexitéiten awer genannt, wann een zum Beispill wéilt Leit mam Auto bis op Maskat am Oman oder Ryad a Saudi-Arabien féieren. D’Leit kéinten dann notamment kee risegt Gepäck mathuelen. “D’Regierung huet iech net vergiess”, esou den Ausseminister un déi ronn 480 Lëtzebuerger, déi gemellt hunn, datt se am Noen Oste sinn. Esoubal et Neiegkeete ginn, géinge se kontaktéiert ginn.

Eng nei Welt

De Premier Luc Frieden huet sengersäits vun enger Welt geschwat, déi an engem déiwe Wandel wier. Lëtzebuerg an Europa kéinte sech net op eng Roll als Spectateur limitéieren. Fir méi onofhängeg ze sinn, géing d’Regierung sech fir eng staark gemeinsam europäesch Aussepolitik, en Handel mat neie Partner, méi Sécherheet a méi erneierbar Energie asetzen.

Back to Top
CIM LOGO