Maniff "Liichtegoe fir d’Heescherten""Et ass schéin ze gesinn, datt d'Leit sech asetzen"

Tim Morizet
D'Aktioun gouf vun enger onofhängeger Associatioun organiséiert, ma vun enger Rëtsch Acteuren aus der Politik- a Sozialwelt ënnerstëtzt.

“Liichtegoe fir d’Heescherten” / Reportage Dany Rasqué

Liichte goe kann een och als Erwuessenen, dat hunn eng 300 Leit op Liichtmëssdag an der Stad gewisen. Den Hannergrond war allerdéngs méi en eeschten, wéi als Kand. D’Revendicatioun war kloer: D’Heescheverbuet soll annuléiert ginn.
D’Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten huet e Freideg géint d’Heescheverbuet an der Stad manifestéiert. Mat derbäi ware beispillsweis och d’Gewerkschaften OGBL an LCGB, Parteie wéi d’LSAP, déi Gréngen, d’Piraten, déi Lénk a Fokus. Och Médecins du monde an d’Mënscherechtskommissioun ënnerstëtzen d’Aktioun.

Eng 300 Leit waren an der Stad géint d'Heescheverbuet manifestéieren
D’Aktioun gouf vun enger onofhängeger Associatioun organiséiert, ma vun enger Rëtsch Acteuren aus der Politik- a Sozialwelt ënnerstëtzt.

Dat traditionellt Heeschelidd gouf mat Hëllef vum Serge Tonnar ëmgeschriwwen an ënnert anerem virun der Gemeng, mä och virum Inneministère gesongen.

Eng jonk Fra, déi op der Strooss lieft, seet si wier immens frou, datt Leit, déi fest am Liewe stinn, un d’Heescherten denken.

“Et ass schéin ze gesinn, dass Leit sech asetzen an dass mer net esou egal sinn, wéi mer ëmmer gewise kréien. Dass mer iergendwéi erhéiert goufen an dass ee gesäit, datt mer Hëllef brauchen.”

D’Leit op der Strooss kréien och juristesch Hëllef, wa se déi brauchen. Bei der Associatioun hu sech 5 Affekote gemellt, déi bereet sinn, hinne bei enger eventueller geriichtlecher Prozedur bäizestoen.

D’Justiz krut e Freideg Merci gesot fir hir kritesch Stëmmen an de leschte Wochen anengems hu vill Leit de Kapp driwwer gerëselt, datt de liberale Claude Radoux e Méindeg am Gemengerot de Vertrieder vum Parquet virgehäit huet, Politik ze maachen.

De Serge Kollwelter vun der Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten.

“Wann e Procureur oder de President vum ieweschte Geriicht seet: “Dir Dammen an Häre Politiker, passt emol op wat der do maacht”, domadder ass deen dach a sengem Recht, soss brauche mer deen 3. Pouvoir net. Wann déi Herrschaften, déi esou aus der Këscht sprangen, menge se kéinten och nach zur selwechter Zäit Riichter spillen, dat geet net.”

Besonnesch haart gouf och nach eng Kéier virum Inneministère gesongen. Véier Polizisten hu sech do virun d’Entrée gestallt, méiglecherweis well den Haushär der Meenung ass, datt ee mat Gedichter a Lidder Vandalismus provozéiert.

De Serge Tonnar: “Wéi ech gelies hunn, dass den Här Gloden mir wëllt d’Schold an d’Schong schieben, dass do ee bei him op der Mauer Graffiti gemaach huet... Ech hunn dat esou krass fonnt, ech konnt et bal net gleewen, dass e Minister, e frësch gewielten Inneminister engem Kënschtler d’Schold gëtt, wéinst engem Gedicht wat e publizéiert huet. Also wa mer schonn op deem Niveau sinn, dann ass een net wierdeg fir esou e Posten ze hunn.”

D’Manifestatioun an der Stad gouf vu politesche Parteien, mä och vun aneren Associatiounen ënnerstëtzt, zum Beispill vu Medecins du monde, där hire President den Dokter Bernard Thill vun enger “onmënschlecher an onvirstellbarer Attitüd” schwätzt.

Ännerung vum Code pénal soll Rechtskloerheet schafen

En Donneschdeg huet d’Justizministesch Elisabeth Margue jo confirméiert, dass een nach am Laf vum Joer de Code pénal wéilt ëmänneren, fir Rechtskloerheet ze schafen. Dobäi soll déi einfach Heescherei net op nationalem Niveau verbuede ginn, allerdéngs sollen d’Gemenge kënnen zu verschiddenen Zäiten an op verschiddene Plazen d’Mendicité simple limitéieren. Bis legiferéiert ass, gëllt awer weider dat aktuellt Stater Reglement.

Police: D’Zuele vum Tageblatt kéinte relativiséiert ginn

D’Tageblatt hat gemellt, datt duerch den Heescheverbuet zäitweis iwwer 176 Police-Patrullen aus dem ganze Land an der Stad am Asaz wieren. Um Freideg schreift d’Police dozou: Et géif een aus Sécherheets- an taktesche Grënn keng Detailer zur Gréisst vun den Dispositiver ginn.

Effektiv géif een den Ament am Kader vum Aktiounsplang, fir méi Presenz an der Stad ze weisen, op Personal aus 3 anere Regioune zeréckgräifen. D’Zuele vum Tageblatt wieren awer ze relativiséieren a kéinten net einfach op ee Mount gerechent ginn. Doriwwer eraus géifen d’Unitéiten aus den aneren Regiounen egal wéi normal weider funktionéieren.

Back to Top
CIM LOGO