Dat ass den neiste Moment am Dossier “Heescheverbuet”.
Dobäi soll déi einfach Heescherei zwar net op nationalem Niveau verbuede ginn, d’Gemengen awer eng gewëss Marge de manoeuvre kréien. Bis dohi soll d‘Stater Gemengereglement weider applizéiert ginn.
Um Donneschdeg waren d‘parlamentaresch Kommissioune vun der Justiz an der bannenzeger Sécherheet beieneen.
Bei der Reform géing et net drëm, déi einfach Heescherei op nationalem Niveau ze verbidden.
Dat wär menger Meenung nach och net konform mat der CEDH. Mä mir schléissen awer net aus, datt d ‘Gemenge kënnen zu verschiddenen Zäiten an op verschiddene Plazen d’Mendicité simple aschränken, seet d‘CSV-Justizministesch Elisabeth Margue. Juristesch an technesch wier dat awer net einfach.
Eng Fro, déi sech stellt: Wéi gëtt d‘Stater Gemengereglement bis dohinner an der Praxis gehandhaabt? Déi generell Kontrolle gi weider, gëtt den Inneminister Léon Gloden ze verstoen.
“D’Patrulle sinn zënter e Méindeg an der Zuel eropgefuer ginn. Dat ass wéi mer dat annoncéiert haten. Et geet jo net nëmmen ëm d’Mendicité organisée oder en bande oder aggressive, et geet och ëm déi illegal Immigratioun. Et geet ëm den Drogenhandel, et geet ëm d’ d’Salubrité publique.”
Fir d‘Oppositioun goufe vill Froen net beäntwert. De Marc Baum vun Déi Lénk:
“Et ass eng komplett absurd Situatioun, an där mer dra sinn an d d’Rechtsonsécherheet geet bei dëser Regierung éischter an d ‘Luucht vu Kéier zu Kéier, wou se iergendwellech Erklärungen ofgëtt.”
D‘LSAP-Deputéiert Paulette Lenert sot sech op d’mannst op engem Punkt zefridden:
“dass hei eng kloer Ausso komm ass, vu Säite vun der Regierung, dass se net wëlles huet, d’Mendicité simple ze verbidden hei zu Lëtzebuerg.”
D’Avis juridiques goufen net am Detail diskutéiert. Hien hätt nodréiglech en Avis gefrot, wéinst de Jurisprudenzen, déi Vertrieder vum Parquet ugeschwat hunn, sou de Léon Gloden.
Déi gréng Deputéiert Sam Tanson fënnt et gelungen, datt den Inneminister deen Avis grad an där Affekoten-Etüd ufreet, déi d‘Gemeng Lëtzebuerg am selwechten Dossier vertrueden huet. Dat wier kee Problem, äntwert de Léon Gloden:
Et war en aneren Affekot an der selwechter Etüd, dat ass awer e wichtege Punkt. Et kann een deen Affekot wielen, deen ee wëll.
Dat Ganzt wier och net politesch onglécklech. Wat awer net ze toleréiere wier, wier datt datt Oppositiouns-Politiker hei d‘Integritéit vun engem Affekot géingen a Fro stellen, sou nach den CSV-Inneminister.
Kritik um Stater Heescheverbuet kënnt um Donneschdeg vun Amnesty International Lëtzebuerg. Dëst géif géint d‘Mënscherechter vun deene Vulnerabelste verstoussen. D‘Dignitéit an d‘Recht op Privatliewe wieren a Gefor. Dat hätt den europäesche Geriichtshaff fir d‘Mënscherechter kloer esou festgehalen. D‘Prioritéit misst sinn, géint d‘Aarmut ze kämpfen an net géint déi Aarm, esou Amnesty International Lëtzebuerg.