
Um CityBreakfast an der Stater Gemeng goufen ënnert anerem déi aktuellst Chiffere genannt. 4.500 Ukrainer sinn zanter dem Ufank vum Krich op Lëtzebuerg komm, 1.500 liewen aktuell an der Stad a Flüchtlingsstrukturen.
“Déi lescht Struktur, déi opgebaut ginn ass, ass déi um Kierchbierg mat der Zeltstad. Wat awer just en Iwwergang ass. Do kënnt dono en anert Gebai, wat dem Staat gehéiert an an d’Rei gemaach gëtt. An dono kommen déi Leit op Conter an déi grouss Hal, déi de Moment nach muss amenagéiert ginn.”
Nieft deene Leit, déi a Strukturen ënnerbruecht sinn, sinn aktuell awer och 423 Ukrainer op enger Stater Adress ugemellt. Donieft ass d’Stater Buergermeeschtesch op d’Scolarisatioun vun den ukrainesche Kanner agaangen.
“De Moment sinn do awer net vill an eise Primärschoulen. Et sinn der just 12, déi ugemellt sinn.”
Et misst een der Stater Buergermeeschtesch no alles dru setzen, datt d’Kanner erëm eng gewëssen Normalitéit zréckfannen. D’Stater Gemeng hat dann och vun Ufank un déi al Clausener Schoul als Gebai zur Verfügung gestallt. De Ministère hätt elo decidéiert, datt dëst fir Sproochecoursë fir Erwuessener genotzt soll ginn, huet d’Lydie Polfer nach erkläert.