Verstouss géint Corona-MesurenEt bleift bei Geldstrof vu 4.000 € fir Gerant vu Bar

RTL Lëtzebuerg
E Freiden huet den Tribunal administratif dat entspriechend Urteel gesprach, huet d'Justiz am fréie Méindegnomëtteg an engem Schreiwes matgedeelt.

Fir de Gerant vun enger Bar aus der direkter Ëmgéigend vun der Stad bleift et bei enger Geldstrof vu 4.000 €, déi de Gesondheetsministère Enn Juli decidéiert hat.

De Gerant hat net dofir gesuergt, datt seng Clienten, déi net souzen, e Mond- an Nueseschutz un haten, respektiv datt d'Leit iwwert dem Drénken an Iesse séizen.

Back to Top
CIM LOGO