Spezialkommissioun TripartiteEt bleiwen nach eng Partie Froen

Diana Hoffmann
Bei der éischter Sëtzung vun der Spezialkommissioun Tripartite huet sech erausgestallt, datt et bei deenen Deputéiert nach eng ganz Partie oppe Froe ginn.
© MinEco

Notamment ronderëm de Steierkredit. Op dës solle si awer en Donneschdeg de Moie weider Äntwerte kréien. Da wäerten nämlech Beamten aus der Steierverwaltung an och de Statec weider Explikatioune ginn.

Spezialkommissioun Tripartite/Reportage Diana Hoffmann

Déi dräi Ministere Xavier Bettel, Franz Fayot a Yuriko Backes hunn den Deputéierten aus der Kommissioun en Dënschdeg d’Mesuren aus dem Accord vun der Tripartite presentéiert. Besonnesch déi, déi sollen de Kafkraaftverloscht vun de Stéit kompenséieren, waren am Fokus. De President vun der Spezialkommissioun ass den DP-Deputéierte Gilles Baum. Hie schwätzt vun enger gudder Ambiance a resuméiert.

En Gros hunn d’Froen sech haut ëm de Steierkredit gedréint. De Steierkredit gëtt berechent op jiddereen, dee schaffe geet, an net op de Stot.

Den CSV-Deputéierten a Vizepresident vun der Kommissioun, de Gilles Roth, sot, datt d’CSV géing hir Verantwortung iwwerhuelen, mee keng Kaz am Sak kafen. Eng Rei Detailfroe wieren nach ze klären.

Zum Beispill, wa mer 2 Persounen hunn, déi 3.000 Euro verdéngen. Da kréien déi, well de Steierkredit pro Persoun ausbezuelt gëtt, e Steierkredit vu ronn 150 Euro pro Mount. Verdéngt awer eng elengerzéiend Persoun 6.000 Euro, also hoergenee dat selwecht, da kritt déi e Steierkredit vu 75 Euro. Do muss ee sech froen, ob dat sozial gerecht ass.

Hie wéilt awer och nach d’Vue vun de Vertragspartner an der Chamber héieren. Bis elo ass awer wéi gesot emol e Mëttwoch den Dialog mat der Steierverwaltung an dem Statec virgesinn. Och an engem Communiqué en Dënschdeg den Owend huet d’Regierung mat Zuele vum Statec duergeluecht, wéi genau de Kafkraaftverloscht vu Leit mat klenge Salairen duerch d’Mesurë kompenséiert gëtt. De Piraten-Deputéierte Sven Clement ass awer nach net ganz iwwerzeegt.

Wat ech elo politesch gesi speziell fannen, ass, datt duerch d’Mesuren och déi déck Salairen nach eng Kéier zousätzlech entlaascht ginn, obwuel se statistesch gesi guer kee Kafkraaftverloscht erliewen.

Déi Punkten, wou et virun allem géing dorëm goen, wéi Saachen ëmgesat ginn, wat et kascht a wie konkret dovunner profitéiert, wieren “nach e bëssi am Flou bliwwen”, seet de Sven Clement.

Déi Deputéiert sollen elo fir déi weider Reuniounen e Froekatalog fir d’Regierung zesummestellen. An och aner Minister, wéi de Claude Meisch, d’Corinne Cahen an de Claude Turmes wäerten nach Explikatiounen iwwert d’Mesurë ginn, déi an hire jeeweilege Ministèren ausgeschafft goufen.

Back to Top
CIM LOGO